Radioen

On air

Tockcity  |  Tommy Richman - Temptations

play_arrow Live
search

/ Russland setzt interkontinental ballistesch Rakéit an

Mat konventionelle Sprengkäpp

Russland setzt interkontinental ballistesch Rakéit an

Bei hiren Attacken op d‘Ukrain soll Russland haut um Donneschdeg fir d‘éischte Kéier eng interkontinental ballistesch Rakéit agesat hunn. Russland huet déi Informatioun net kommentéiert.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool
Foto: picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool

D‘Rakéit mat hire sechs konventionelle Sprengkäpp ass an der Stad Dnipro ageschloen. Dës Zort vu Rakéiten ass virgesinn, fir nuklear Sprengkäpp iwwer wäit Strecken ze transportéieren.

Vu russescher Säit huet et dann haut och geheescht, datt een alles géif maache fir een nukleare Konflikt ze verhënneren. Dat nodeems déi russesch Nuklearstrategie ëmgeschriwwe gouf.

Russland huet iwwerdeems erkläert, datt zwee brittesch Cruise Missiles vum Typ Storm Shadow ofgeschoss gi wieren. Dat awer ouni Prezisiounen.