Mëtt Juni war eng éischt Konferenz an der Schwäiz. Do war Russland awer net invitéiert. De Selenskyj hat ugekënnegt am November nach eemol eng Konferenz zesummen ze ruffen. Do soll e Plang fir e gerechte Fridden ausgeschafft ginn.
Russland besetzt momentan nach ëmmer eng 20 Prozent vum ukraineschen Territoire. E Friddensaccord ass aktuell net a Siicht.