arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Loftugrëff op Kiew: EU-Vertriedung ass beschiedegt ginn - Von der Leyen entsat

Op d'mannst 15 Doudeger

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Loftugrëff op Kiew: EU-Vertriedung ass beschiedegt ginn - Von der Leyen entsat

Russland huet déi lescht Nuecht op een Neits déi ukrainesch Haaptstad Kiew massiv ugegraff. Dobäi wieren op d’mannst 15 Mënsche gestuerwen, dorënner véier Kanner, heescht et aus der Ukrain.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EU-Delegatioun
(Foto: EU-Delegatioun)

48 weider Leit goufe blesséiert, esou den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj. Duerch déi russesch Loftattacken hënt op Kiew gouf och d’Vertriedung vun der Europäescher Unioun an der ukrainescher Haaptstad beschiedegt. D’Mataarbechter:inne sinn a Sécherheet.

Verstouss géint déi Wiener Konventioun

D’EU-Kommissärin fir Erweiderung a fir den Erëmopbau vun der Ukrain huet dës "brutal Attack" kritiséiert. Et wier ee kloert Zeechen, datt Russland kee Fridde wéilt, mee Terror géif wielen, esou déi sloweenesch Politikerin Marta Kos op der Plattform X.

Den ukraineschen Ausseminister huet Russland virgehäit, geziilt Diplomaten an d’Viséier ze huelen. Bei der Attack op d’EU-Vertriedung zu Kiew géif et sech no Meenung vum Andrij Sybiha ëm ee Verstouss géint déi Wiener Konventioun handelen, déi Reegele fir déi diplomatesch Bezéiunge festhält. Néideg wier eng international Verurteelung vun dësem Ugrëff.

Selenskyj: Russland wéilt kee Krichsenn

Am Virfeld vum russesche President Wladimir Putin senger Rees a China vun ee Sonndeg un, huet den ukrainesche President eng Reaktioun vu Peking gefuerdert, op déi nei russesch Attacken op Kiew.

Déi russesch Dronen- a Rakéitenattacke wieren d’Äntwert vu Moskau op d’Fuerderungen no engem Waffestëllstand an no wierklecher Diplomatie, huet de Wolodymyr Selenskyj kritiséiert. Russland wéilt de Krich net op een Enn bréngen, huet hie festgestallt.

Der ukrainescher Arméi no huet Russland d’Ukrain zënter gëschter Owend mat 629 Dronen, Rakéiten a Missillen ugegraff. De groussen Deel dovu gouf vun der Loftwaff zerstéiert.

Reaktioun vun der Ursula von der Leyen

D'Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen sot sech kuerz viru Mëtteg an engem Statement zu Bréissel entsat iwwer déi “bis elo déidlechst Attack zënter dem Juli”, déi och d’EU-Representatioun zu Kiew getraff huet.

Bei der Attack wiere bannent 20 Sekonnen zwou Rakéiten eng 50 Meter niewent dem Gebai vun der Delegatioun ageschloen. Si wier erliichtert, datt  kee vum Personal getraff gouf, esou d’Ursula von der Leyen.

D'Attack géing weisen, datt de Kreml duerch näischt ze stoppen ass, fir d'Ukrain weider blann ze terroriséieren, andeems Zivilisten, Fraen, a Kanner ëmbruecht ginn.

"Dofir wäerte mir weider ee Maximum vun Drock op Russland maachen. Dat heescht och de Sanktiounsregimm ze verstäerken. Mir wäerte geschwënn de 19. Pak presentéieren a weider dru schaffen, dat agefruerent russesch Verméigen ze notzen. A mir wäerten natierlech der Ukrain weider en onermiddleche Support garantéieren."

play_arrow Lauschteren