Radioen

On air

De Weekend  |  Daniel Balthasar - Everything Is Temporary

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Russland attackéiert Charkiw, d'Ukrain viséiert russesch Militärflughäfen

Krich an der Ukrain

Russland attackéiert Charkiw, d'Ukrain viséiert russesch Militärflughäfen

An der Ukrain si bei enger russescher Dronenattack zu Charkiw si 6 Mënsche gestuerwen, 10 weider Persoune goufe blesséiert, sot de Buergermeeschter vun där Stad am Oste vun der Ukrain.

auto_stories

1 min

Zu Saporischschja am Süde vun der Ukrain wiere gëschter 4 Mënschen ëm d’Liewe komm an 13 wieren der blesséiert ginn. Zu de Blesséierten zielen och zwee Journaliste vun der staatlecher Noriichtenagence Ukrinform. Si hunn op der Plaz nom éischten Ugrëff bericht, wéi eng zweet Well u Rakéite si getraff huet. 
Schued gouf et och un den Energieproduktiounsanlagen. A 5 Regiounen huet de Stroum misste wärend 3 Stonnen ofgeschalt ginn.

Ukrainesch Dronenattack op russesch Militärflughäfen

Gëschter huet d’Ukrain dann och eng Dronenattack op russesch Militärflughäfe lancéiert. Ukrainesch Medien hunn Informatiounen aus Sécherheetskreeser zitéiert, déi vun 19 zerstéierten oder beschiedegte russesche Kampffligere berichten. Ee russesche Militärblogger huet een Ugrëff op ee Flughafen an der Regioun Rostow bestätegt, mee dementéiert Verloschter bei de Fligeren.