De russeschen Aggressiounskrich hätt zu engem neie Selbstwäertgefill vun den Ukrainer:inne geféiert, si wiere bereet hiert Schicksal selwer an d'Hand ze huelen a weider fir hir Fräiheet ze kämpfen.
Och um ukraineschen Onofhängegkeetsdag gouf et géigesäiteg Loftattacken. D'Ukrain huet ënner anerem eng russesch Pëtrolsraffinerie zu Sankt Péitersbuerg mat Dronen ugegraff a beschiedegt. Russland huet an der Nuecht Ziler an der Ukrain mat Dronen an enger ballistescher Rakéit ugegraff. Informatiounen iwwer eventuell Affer ginn et nach keng.