Radioen

On air

Tockcity  |  The Struts - Can't Stop Talking

play_arrow Live
search

/ Russesch Loftattacken op Kiew, Saporischschja an Odessa

Krich an der Ukrain

Russesch Loftattacken op Kiew, Saporischschja an Odessa

Dat russescht Militär huet massiv Loftattacken op Ziler an der Ukrain gestart. An der Ukrainescher Haaptstad Kiew waren um Sonndegmoien eng Partie Explosiounen ze héieren. Den Autoritéiten no hunn zwee Wunnhaiser Feier gefaangen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Photoshot | -
Foto: picture alliance / Photoshot | -

Explosioune goufen ënner anerem och aus Odessa a Saporischschja gemellt. Der ukrainescher Loftwaff no, wieren Dosende ballistesch Rakéiten a Marschfluchkierper op Ziler am ganze Land ofgeschoss ginn. Virdru waren Dosende Kampfdronen vu Russland agesat ginn.

Pole schéckt Kampffligeren

Polen huet iwwerdeems Kampffligere fort geschéckt am Kontext vun der massiver Attack vu Russland op d’Ukrain. Dat mellt déi polnesch Arméi.

Polen ass en Nopeschland an Alliéierte vun der Ukrain a Member vun der Nato.