arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Russesch Attacken op Kiew: Regierungsgebai a Flamen

Krich géint d’Ukrain

|
headphones

1 min

Russesch Attacken op Kiew: Regierungsgebai a Flamen

No schwéiere russeschen Ugrëff huet eent vun de wichtegste Regierungsgebaier zu Kiew  Feier gefaangen. Nach ass onkloer, ob de Kreml d’Gebai geziilt ugegraff huet oder net. Et war déi bis ewell gréissten Dronenattack zënter Krichsufank.

headphones

1 min

© EPA/ STATE EMERGENCY SERVICE OF UKRAINE
(Foto: EPA/ STATE EMERGENCY SERVICE OF UKRAINE)

Dem ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj no, sinn op d’mannst véier Mënschen ëm d’Liewe koum. Dosende si blesséiert ginn. Ënnert den Doudegen ass och eng Mamm mat hirem dräi Méint ale Puppelchen. 

Méi wéi 20 Haiser an eng Crèche goufen zerstéiert.

Damp iwwer dem Regierungsgebai zu Kiew | ©  EPA/SERGEY DOLZHENKO
Damp iwwer dem Regierungsgebai zu Kiew (Foto: EPA/SERGEY DOLZHENKO)

Ugrëff mat méi wéi 800 Dronen

“D’Welt kann d’Kreml-Verbriechen zwéngen opzehalen – et brauch just de politesche Wëllen” huet de Selenskyj op de soziale Medie geschriwwen. Hien huet iwwerdeems d’USA kritiséiert, well et nach keng nei Sanktioune géint Russland ginn.

D’Ukrain verteidegt sech zënter dräianenhalleft Joer géint de russeschen Aggressiounskrich. An der Nuecht op e Sonndeg huet Russland d’Ukrain mat méi wéi 800 Kampfdronen ugegraff, mellen ukrainesch Autoritéiten.