Als Teenager war d’Rowena Wise mat der Famillje-Band ënnerwee. Dono ass si laang mat hirem éischten Album “Senseless Acts of Beauty” getourt.
Wat et mat engem Mënsch mécht, wann ee sech ëmmer erëm entwuerzelt fillt, dorëm geet et an den zéng Stécker vun “Bad Things Feel Good*”.
Op der Sich nom Mëttelpunkt
Direkt den éischten Titel, déi akustesch Ballad “Home in this World” gëtt den Toun un: “I do not feel at home in this world anymore” heescht et hei. Dat ass natierlech am duebele Sënn gemengt: Souwuel geografesch, wéi emotional sicht d’Rowena Wise no hirem Mëttelpunkt.
Mol méi intimistesch wéi op “Home in this World” oder op “Anchor”, wou de Crescendo vun der Melodie e bëssen u Radiohead erënnert, mol méi frontal wéi op der Single “Diamond in the Rough” oder op “Blood Ties”, an deem si Famillje-Konflikter esou beschreift: “You’ve got blood ties stuffed in your mouth”.
Wéi wann ee mat am Studio géing sëtzen
Fir dem Gefill vu bestänneger Beweegung entgéintzewierken huet d’Kënschtlerin decidéiert, hiren Album iwwer e puer Deeg a Live-Sessions anzespillen. Zesumme mam Richard Bradbeer um Bass an dem Jess Ellwood op der Batterie hunn d’Lidder hir Form fonnt.
Produzéiert huet de Rob Muinos, deen och beim Debut vun 2024 schonn hanner dem Mëschpult souz.
Et héiert een d’Kraache vun de Gittarssäiten, d’Quiitsche vun der Pianos-Pedall an och der Rowena Wise hir Stëmm brécht heiansdo.
“Bad Things Feel Good*” ass eng Plack, déi wëll am Ganze gelauschtert ginn: D’Lidder fléissen aneneen a bleiwe vum Sound relativ änlech, tëscht Folk, Indie an alternativem Country. E bësse wéi wann een am Studio derbäi gewiescht wier an sech et an engem Eck gemittlech gemaach hätt, fir nozelauschteren.