Hir Musek ze lauschtere wier e bësse wéi sech e Stéck vum Samuel Beckett unzekucken, heescht et op engem Museksblog iwwer d’Aldous Harding.
Den Dramatiker Beckett war bekannt dofir, datt seng Texter net onbedéngt direkt zougänglech waren. Och déi neiséilännesch Songschreiwerin Aldous Harding fäert net, eis an hirer Musek Rätselen opzeginn, déi mir fir d’éischt mussen entschlësselen.
Bleift hirem Wee net trei
Bekannt gouf si 2017 mat hirer zweeter Plack “Party”, dono koum “Designer” mat hirem wuel bekanntste Stéck “The Barrel”.
“Warm Chris” vun 2022 war méi akustesch a flou wéi d’Virgänger. Et konnt een also gespaant sinn, wat si op hirem neien Album “Train on the Island” géif proposéieren. De Wee, dee si op “Warm Chris” ageschloen huet, geet si op alle Fall net an enger riichter Linn weider.
Erëmerkennungswäert läit an der Ofwiesslung
Amplaz dovunner fënnt een hei 10 Lidder, déi dacks op engem Loop baséieren, sech melodesch ëm sech selwer dréinen, wéi “I Ate the Most” oder d’Single “One Stop”.
Si ginn esou zur perfekter Bün, op där d’Aldous Harding kann hir charismatesch a ganz wandelbar Stëmm presentéieren. Dës Stëmm verännert sech allerdéngs jee no Stéck, wéi wann d’Kënschtlerin tatsächlech géif eng Roll interpretéieren.
Heiansdo ass de Gesang hell a melodesch, d’Stëmm riskéiert all Moment ze briechen, wéi op “Riding that Symbol”, dann erëm kléngt se déif a bal atonal. Wann een et net besser wéisst, kéint een denken, datt hei verschidden Interpretinnen um Wierk sinn.
Den Erëmerkennungswäert läit hei deemno an der Ofwiesslung.
Eng Konstant déi bliwwen ass
Donieft brécht d’Aldous Harding och mat der gängeger Praxis vun den typesche Songstrukturen an interpretéiert d’Konzept vu Stroph a Refrain op eege Manéier. D’Lidder änneren dacks am leschten Drëttel komplett d’Richtung: Op eemol entsteet e Refrain, deem seng Schéinheet een net méi erwaart hätt, wéi zum Beispill bei “San Francisco”.
Eng Konstant awer bleift bestoen: Produzéiert huet hei wéi schonn an der Vergaangenheet de John Parish, bekannt virun allem duerch seng Aarbecht mat der PJ Harvey. Seng ganz sprock a spuersam Arrangementer loossen der Aldous Harding hirer Interpretatioun vill Plaz.