Eng Bundesriichterin huet der Immigratiounspolice ICE elo Limitte gesat. D’Riichterin huet an hirem Uerteel ënner anerem festgehalen, datt d’ICE-Beamten net Manifestanten an hirem Auto festsetzen dierften, déi hir Asätz net behënneren.
Weider dierfen och friddlech Demonstrant:innen net festgeholl oder mat Pefferspray verdriwwe ginn. Fir déi 83 Säite laang Uweisung vun der Bundesriichterin ëmzesetzen, huet de Ministère fir bannenzeg Sécherheet 72 Stonnen Zäit.