arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Republikaner an Demokrate maachen een éischte Schrëtt openeen duer

Shutdown an den USA

|
headphones

1 min

Republikaner an Demokrate maachen een éischte Schrëtt openeen duer

Fir déi éischte Kéier zënter dem sougenannte Shutdown, deen den amerikanesche Budget komplett blockéiert, sinn d'Republikaner an d'Demokraten elo ee Schrëtt openeen zougaangen.

headphones

1 min

© EPA/GRAEME SLOAN / POOL
(Foto: EPA/GRAEME SLOAN / POOL)

De Senat huet mat de Stëmme vun den Demokraten decidéiert iwwer e provisoresche Budget ofzestëmmen, deen d'Representantenhaus virleet.

Domadder wier eent vun de gréissten Hindernisser fir e Budget virleefeg aus dem Wee geraumt.