arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Reproche vu Volleksopstand: Parquet fuerdert Doudesstrof géint fréiere President

Südkorea

|
headphones

1 min

Reproche vu Volleksopstand: Parquet fuerdert Doudesstrof géint fréiere President

De fréiere President Yoon Suk Yeol hat am Dezember virun zwee Joer fir e puer Stonnen d‘Krichsrecht a Südkorea ausgeruff. Dem 65-Järegen gëtt dowéinst ënner anerem Volleksopstand virgehäit.

headphones

1 min

© Flickr / Kang Min Seok
(Foto: Flickr / Kang Min Seok)

De Yoon Suk Yeol gouf offiziell am Abrëll d‘lescht Joer vum Verfassungsgeriicht ofgesat, no méintelaange Manifestatiounen a politeschem Chaos am Land. D‘Urteel géint de Yoon Suk Yeol gëtt nächste Mount erwaart, heescht et. 

D‘Doudesstrof ass a Südkorea nach a Kraaft mee et gouf keng Exekutioun méi zënter 1997.