arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Reporter ouni Grenzen: Pressefräiheet nach ni esou ënner Drock

Dag vun der Pressefräiheet

|
reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Reporter ouni Grenzen: Pressefräiheet nach ni esou ënner Drock

Bannent deene 25 leschte Joren stoung d’Pressefräiheet nach ni esou ënner Drock, schreift d’Organisatioun Reporter ouni Grenzen an hirem Rapport zum internationalen Dag vun der Pressefräiheet. Lëtzebuerg packt et an den Top Ten.

reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow
picture alliance / SZ Photo | Wolfgang Filser | © picture alliance / SZ Photo | Wolfgang Filser
Symbolbild Press (Foto: picture alliance / SZ Photo | Wolfgang Filser)

Fir d’éischte Kéier zënter 2002, zënter datt et ee weltwäite Klassement gëtt, ass d’Situatioun vun der Press a méi ewéi der Hallschent vun de Länner op der Welt an enger schwiereger oder ganz graver Situatioun. 2002 war dat a just 13 Prozent vun de Länner de  Fall.

Just siwe Länner packen et an déi allerhéchste Kategorie vum Ranking vu Reporter ouni Grenzen, well déi generell Situatioun vun der Press an deem Land gutt ass - mat un der Spëtzt Norwegen.

Lëtzebuerg ëm 4 Plaze verbessert

Lëtzebuerg läit do op der 9. Plaz an huet sech am weltwäite Ranking ëm véier Plaze verbessert a gehéiert zu deene Länner, wou d'Pressefräiheet zimmlech gutt wier. Mee déi Pressefräiheet gëtt ewéi gesot an enger Majoritéit u Länner staark ageschränkt.

An den USA huet sech d'Situatioun staark degradéiert, d'Land ass am Ranking vu Reporter ouni Grenzen ëm siwe Plazen erofgefall a läit elo op der 64. Plaz tëschent dem Botswana an dem Panama.

Ënner anerem goufen d'Finanzhëllefe fir den internationalen audiovisuelle Secteur do staark reduzéiert. Och de President Donald Trump mécht Drock op d'Press, déi vun him dacks attackéiert gëtt.

Um Schluss vum Ranking fënnt een dann den Iran, China, Nordkorea oder och Eritrea. D'Attacke géint d'Journalisten hu sech mat der Zäit och diversifizéiert. Et ginn nach ëmmer Journalisten ëmbruecht, festgeholl, mee den Drock kann och finanzieller, legaler oder politescher Natur sinn.

SLAP-Kloen hu sech multiplizéiert

Ee Faktor, deen d'Degradatioun vun der Pressefräiheet nëmmen zum Deel kann erklären, sinn déi sëlleg Konflikter, déi et an der Welt gëtt. Allerdéngs géifen déi politesch Regimmer an der Welt ëmmer méi autoritär ginn, schreift d'Reporter ouni Grenzen.

Opgefall wier och, datt d'Länner verschidde Gesetzer ëm d'Sécherheet muss brauchen, fir d'Pressefräiheet ofzebremsen. Och déi sougenannte SLAP-Kloen hu sech multiplizéiert, et sinn dëst abusiv Kloen, déi d'Zil hunn, d'Journalisten ze harceléieren a finanziell ënner Drock ze setzen.

Par konter gouf a Syrien eng spektakulär Verbesserung. Vun ëm déi 36. Plazen, och wann dat Land nach ëmmer op der 141. Plaz läit ass dat fir e Reporter ouni Grenzen ervirzehiewen.

play_arrow Lauschteren