Radioen

On air

Concert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Reorganisatioun bei den ADEM-Agencen Diddeleng an Dikrech

Aarbechtsminister annoncéiert

Reorganisatioun bei den ADEM-Agencen Diddeleng an Dikrech

D’ADEM-Agence zu Diddeleng gëtt den 30. November dëst Joer zougemaach. Dat huet den Aarbechtsminister Georges Mischo ugekënnegt. D'Agence zu Dikrech wäert plënneren.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: ADEM

Domat geet d’Zuel vun den ADEM-Agencë vu 7 elo op 6 erof. Grond ass deen, datt déi aktuell Raimlechkeeten et géifen onméiglech maachen,  dem Demandeur d’emploi ee gudde Service ze garantéieren, an et wier keen adäquat neit Gebai fonnt ginn. Déi ronn 1.500 Persounen, déi aktuell an der Agence zu Diddeleng betreit ginn, géifen an aner Agencë reorientéiert ginn. Dat selwecht gëllt fir déi 13 Mataarbechter.

"Dës Demandeure ginn dann Enn November op zwou aner Agencen opgedeelt, an dat wier dann Esch-Belval a Lëtzebuerg-Hamm, jee nodeem wou d’Leit wunnen. Déi betraffe Leit, déi an de Gemenge Réiser a Fréiseng wunnen, dat si ronn 260 Persounen, ginn elo vun de Beroder vun der Agence Hamm betreit."

De Georges Mischoplay_arrow

Déi Leit, déi an de Gemengen Diddeleng, Beetebuerg an och a Frankräich wunnen -also ronn 13.000 Leit - ginn an der Agence Esch-Belval betreit, huet de Georges Mischo erkläert. Déi 13 Mataarbechter:innen aus der Diddelenger Agence géingen op hir nei Aarbechtsplaze verdeelt ginn.

25.000 Dossiere goufen 2023 traitéiert

Weider géif d’Gebai, an deem aktuell d’ADEM-Agence vun Dikrech dran ass, ofgerappt an nei gebaut ginn. Bis Enn 2026 géifen déi concernéiert Mataarbechter aus deem aktuelle Gebai erausplënneren an iwwergangsweis an dat aalt Altersheem zu Dikrech plënneren, sou nach d’Prezisioun vum Aarbechtsminister. D’Agence zu Déifferdeng da géif ugangs d’nächst Joer och an een neit Gebai plënneren.

Zejoert hunn iwwerdeems 151 Conseillere vun der ADEM ronn 25.000 Dossiere beaarbecht, seet d’Directrice adjointe vun der ADEM, d'Gaby Wagner.

Chômagetaux läit onverännert bei 5,8 Prozent

D‘Adem huet déi neist Chômagezuele publizéiert. Am August waren am Ganze 17.735 Leit op der Sich no enger Aarbechtsplaz. Dat ass e Plus vun 10 Prozent par Rapport zum August vum leschte Joer. Déi gréissten Hausse gouf et bei héich qualifizéierte Leitan der Altersklass vun 30 bis 44 Joer. 

De Chômagetaux louch am August awer onverännert bei 5,8 Prozent. 

10.226 Leit kruten op den 31. August Chômage ausbezuelt.