1930, also viru bal 100 Joer, gouf d’Péitruss aus sanitäre Grënn kanaliséiert. Mat der Renaturéierung wëll een elo erreechen, datt sech erëm Liewen an der Baach entwéckele kann.
Renaturéierung heescht Héichwaasserschutz
D'Bett vum Gewässer wier esou modelléiert ginn, datt méi Plaz fir d'Waasser do ass, wou et sech ausbreede kann. Iwwerdeems wieren doudegt Holz an deck Steng an d'Waasser geluecht ginn, sou kéinten sech kleng Dëmpelen entwéckelen, wou sech da Fësch kéinten ophalen, erkläert de Patrick Licker.
Ausserdeem soll duerch d’Renaturéierung e besseren Héichwaasserschutz garantéiert ginn. Ee méi breet Bett fir d’Gewässer soll verhënneren, datt d’Péitruss séier ausufert.
Zweet Phase fir Januar geplangt
An der éischter Phase gouf sech op d'Tranche vun der Écluse bourbon bis bei d’Mündung an d’Uelzecht konzentréiert. D’Bauaarbechte vun der zweeter Phas ëmfaassen dann de Recht vun der Streck bis bei d’Antwerpenerstrooss. Déi ëffentlech Ausschreiwungen dofir sollen elo am Hierscht gemaach ginn. De Patrick Licker hofft, am Januar d’nächst Joer mat der zweeter Phas kënnen unzefänken.
“Do ass eng Platz am Dall, do ass nach ee Privathaus an do sinn och privat Gäert - do dierfe mir natierlech net dru goen. Mir mussen och garantéieren, datt déi Leit sécher virum Héichwaasser sinn. Dat heescht do si mir e bëssen ageengt. Mir sinn och um ieweschte Punkt - wa mir do Richtung rue d’Anvers ginn - ageengt, well do ass den Dall wierklech ganz schmuel an enk. Do si mir dann eben dru gebonnen.”
Fir déi zweet Phas ass ee Budget vu ronn 15 Milliounen Euro virgesinn.
Fir d’Renaturéierung kann d’Gemeng Lëtzebuerg iwwregens ee Subsiden iwwer de Waasserfong ufroen an 90 Prozent vun den Depensen zeréck kréien