10 Lëtzebuergesch Sportler wäerten also sécher zu Paräis un de Start goen. De Chef de mission bei deene Summerspiller, de Raymond Conzemius, huet ervirgehuewen, datt d’Zuel vu 15 Olympioniken awer nach méiglech ass.
“Ech muss dann awer soen, dass ech, mengen ech, déi Zuel 15 eng Kéier op dëser Plaz hei genannt hat. Do hu verschidde Leit mech komesch gekuckt. Ech muss awer och méiglecherweis soen, d’Zesummesetzung ass zu deem Zäitpunkt nach eng aner gewiescht. Mee et ass schonn eng super Saach, dass mir kënnen dovun dreemen, effektiv, fir elo eng Rekordzuel vu Lëtzebuerger Sportler op Olympesche Spiller ze erreechen.”
Dat géif weisen, datt de Lëtzebuerger Sport aktuell eng Rei Saachen net sou falsch géif maachen, an datt et e Kader gëtt, dee vill erméiglecht. Dem Raymond Conzemius no läit den Haaptfokus fir Paräis virun allem op der Leeschtung vun den Athleten an op gemeinsame Wäerter.
Gëschter Owend dierft sech iwwregens mam Liichtathlet Ruben Querinjean en 11. Sportler fir déi Spiller qualifizéiert hunn. Iwwer 3.000 Meter Steeple huet den 22 Joer ale Leefer bei den nationale Meeschterschaften um INS säin eegene Rekord, deen eréischt 9 Deeg al war, ëm 4 Sekonne verbessert.