Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Thee Heart Tones - No Longer Mine

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Associatioun vu Schwammmeeschter:innen: Burkinien eleng stelle keen Hygiènesproblem duer

Tenuen an der Schwämm

Associatioun vu Schwammmeeschter:innen: Burkinien eleng stelle keen Hygiènesproblem duer

A siwe vun den aacht Schwämmen, déi befrot goufen, ass de Burkini erlaabt. Soulaang en aus dem nämmlechte Stoff wéi e Maillot geschafft ass an eenegermoossen enk géif uléien. Dat hunn d’Piscinnen eis op Nofro hi confirméiert. Just eng Piscine huet ee strikte Burkiniverbuet.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

Schwämm | © picture alliance/dpa | Patrick Pleul play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Patrick Pleul

8 Schwämmen hu mer gefrot: 7 vun hinnen (Les Thermes zu Stroossen, Syrdall Schwämm zu Nidderanven, Coque um Kierchbierg, Aquasud Differdange, Centre Aquatique Krounebierg, Les Bains du Parc zu Esch) hunn uginn, datt bei hinnen de Burkini erlaabt ass. Sou och op de Baggerweieren.

Zu Walfer an der Piscine Pidal, ass et verbueden e Burkini unzedoen. Dat aus dat aus Hygiènesgrënn, sou de Responsabele vum Departement PIDAL Pool.

Schwéier den Iwwerbléck ze halen

Bei der Diskussioun ronderëm d’Hygiène geet et awer manner ëm de Maillot, d’Schwammbox oder de Burkini, mee méi ëm dat wat drënner ass, erkläert de Joseph Grüneisen, President vun der Associatioun fir Schwammmeeschter:innen. Soulaang een ënnert dem Schwammgezei keng Ënnerwäsch oder soss Alldaagskleedung unhätt, géif et keen hygieenesche Problem ginn.

„D’Fro déi awer ëmmer bléift, ass fir d’Personal déi an de Schwämme schaffen, den Iwwerbléck ze halen – wien huet a wien huet net?”

Et wier also éischter eng Fro vun der Kontroll. D’Schwammmeeschter:innen kënnen och net einfach à la tête du Client decidéieren, wie mat wat an d’Waasser dierf a wien net.

All Schwämm hir eege Reegelen

Dat géif net an hirer Verantwortung leien, seet de Jospeh Grüneisen. All Schwämm huet nämlech hir eegen Hausuerdnung.

“An de Schwammmeeschter oder d’Schwammmeeschtesch déi mussen sech un déi Reegelen halen an déi dann och vertriede vis à vis vun de Leit déi an d’Schwämm era kommen.”

De Joseph Grüneisen weist iwwerdeems drop hin, datt dëst keng nei Diskussioun ass. Et wier un der Zäit de Sujet landeswäit ze diskutéieren an eng Reegelung ze fannen. Dat wier awer schwéier, well d’Gemengen eenzel déi Hausuerdnunge fir hir Schwämme géifen decidéieren.

Réimech: D'Material wier de Problem gewiescht

Hannergrond ass e rezente Fall aus der Schwämm vu Réimech, wou dräi Fraen am Burkini net an d’Waasser gelooss gi wieren. De Buergermeeschter vu Réimech dementéiert dat. Burkinie sinn an der Réimecher Schwämm erlaabt, betount de Jacques Sitz am 100,7-Interview. De Problem war an dësem Fall net de Burkini.

“Éischtens waren et eng Kéier Leit déi eng Burka aus Stoff unhaten, déi an der Wiss loungen domadder, déi sech net ofgeduscht hunn, déi wollten an d’Waasser goen – déi sinn natierlech net an d’Waasser gelooss ginn. An anerer, déi hätten eng Burkini ugehat, mee déi hätten nach anert Gezei drënner ugehat, wat een och gesinn huet."

Och Leit déi ënnert der Schwammbox nach eng aner Box unhätten, oder soss Ënnergezei, dierften net an d'Waasser. Dozou géif et e Reglement ginn, betount de Jacques Sitz. Hie wéisst iwwerdeems net, wien dee sougenannte Spriecher vun der Gemeng Réimech sollt sinn, dee rezent an de Medien dozou zitéiert gouf.

Lauschterenplay_arrow