E Freideg war den Emmanuel Macron mat de Parteispëtzte vun der Lénksallianz Nouveau Front Populaire, senger eegener Regierungsmajoritéit an de Republikaner zesummekomm.
Haut da stinn ënner anerem Entrevuë mat der Marine Le Pen an dem Jordan Bardella vum Rassemblement National un. Och gesäit de Macron de President vum Senat an d'Presidentin vun der Nationalversammlung fir iwwer déi éischt Ronn Gespréicher en vue vun enger neier Regierung ze beroden.
Nei Propos vum Nouveau Front Populaire
An de Gespréicher mam rietsextreeme Rassemblement National wäert et wuel och ëm eng potentiell Regierung vum lénks-gréngen Nouveau Front Populaire goen. Esou eng Regierungskonstellatioun refuséieren all aner Parteien, well si keng Regierungsbedeelegung vun der Lénkspartei La France Insoumise akzeptéiere wëllen.
De Weekend huet de Jean-Luc Mélenchon vu La France Insoumise elo d'Propos an d'Spill bruecht, eng lénks Regierung ouni direkt Bedeelegung vu senger Partei op d'Been ze stellen. De Mélenchon huet d'Fro gestallt, ob esou eng Regierung dann och vun den Oppositiounsparteien zur Demissioun géing gezwonge ginn.
De Chef vum zentristesche MoDem, de François Bayrou, war gëschter Owend Invité op LCI a sot, den Haaptproblem wier keng eenzel Partei, mee de Programm vum Nouveau Front Populaire. No de Gespréicher haut wäert de Macron entscheeden, ob hie schonn de Regierungsoptrag vergëtt, oder ob et zu enger zweeter Ronn Gespréicher kënnt.
Geschriwwe vum Max Tholl vu Paräis fir den 100,7