Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Roy Haynes Quartet - Snap Crackle

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ PNEC: Regierung sträicht obligatorescht Ersetze vu fossillen Heizunge mat Wäermepompelen

Klima- an Energieplang

PNEC: Regierung sträicht obligatorescht Ersetze vu fossillen Heizunge mat Wäermepompelen

Den nationalen Energie- a Klimaplang, kuerz PNEC, gëtt iwwerschafft. Déi reviséiert Versioun gëtt dann un d‘EU-Kommissioun geschéckt. Dobäi gouf et e puer kleng Changementer, mee och ee méi kloren.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Gasheizung | © Alex Raths / Bigstock play_arrow
Foto: Archiv

An der zoustänneger Chamberkommissioun war et d‘lescht Woch schonn een Theema. Den Energieminister Lex Delles huet eis dat op Nofro confirméiert: Eng Noutwendegkeet fir en obligatoresche Wiessel vu fossillen Heizungen op Wäermepompelen besteet net méi.

Zesumme mam STATEC géif berechent ginn, wéi een d‘Ziler erreeche kann a wéi net. Deemno wier et den Ament net néideg, fossil Heizungen, déi nach funktionéieren, mat Wäermepompele mussen ze ersetzen.

Firwat de Sënneswandel?

An engem Avant-Projet hat déi viregt Regierung de Saz mat der Obligatioun bäigesat. Allerdéngs och nëmmen dann, wann ee mat finanziellen Ureizer a Fräiwëllegkeet d‘Ziler net géif erreechen. Viséiert waren och just Heizungen, déi souwisou hu missen ersat ginn. Mee firwat dann elo op eemol dee Sënneswandel?

"Et ass esou, datt dat dote mat an d‘Berechnungen agefloss ass. Dat heescht ab 2027 ass et jo sou am Avant-Projet vum PNEC gewiescht, deen ënnert der viregter Regierung agereecht ginn ass, datt dat doten eng Mesure wier, déi ab 2027 soll gräifen, wa mir eis Ziler net erreechen.“

Joëlle Welfring: Obligatioun als Noutstopp wier méi éierlech gewiescht

An der Chamberkommissioun war sech op Demande vun déi gréng mam Sujet beschäftegt ginn. Der fréierer Ëmweltministesch Joëlle Welfring no kéint ee mat deem Prinzip vun der Fräiwëllegkeet liewen, well Lëtzebuerg momentan en Ligne mat den Ziler ass.

D‘Obligatioun als Noutstopp wier der grénger Deputéiert no awer méi éierlech gewiescht. Dat fir de Fall, datt Lëtzebuerg vu Bréissel op d‘Fangere geklappt kritt.

Lauschterenplay_arrow