Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Regierung huet nach keng fest Positioun zum Theema Social-Media-Verbuet fir Jonker

Ausso vum Premier Luc Frieden

Regierung huet nach keng fest Positioun zum Theema Social-Media-Verbuet fir Jonker

Et wier wichteg, d‘Fro vum Iwwerkonsum vu soziale Medien op EU-Niveau ze diskutéieren, fir eng eenheetlech Reglementéierung ze schafen. Dat sot de Premier Luc Frieden an der Chamber Froestonn.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Hannergrond ass d‘Meldung, datt Jonker ënner 16 Joer an Australien net méi sozial Medie benotzen dierfen. Och de franséische President Emmanuel Macron fuerdert eng Diskussioun op EU-Niveau. 

D'Regierung géif sech konstruktiv an dat Gespréich abréngen, hätt awer nach keng fest Positioun, esou nach de Premier. Hie fënnt et raisonabel, datt Kanner bis 16 Joer d'Zoustëmmung vun den Eltere brauchen, fir sozial Medien ze benotzen.

"Mir hu keng virgefaasste Meenung, mee alles wat ronderëm 16 Joer läit, datt dat bis dohinner muss mat der Zoustëmmung vun den Eltere geschéien, fannen ech a ce stade net deraisonnabel. Mee d'Regierung als solch huet sech an där Fro elo nach net extra concertéiert."

Lauschterenplay_arrow