Radioen

On air

Notturno  |  Ben Stidworthy - Bitter Melon - Cola

play_arrow Live
search

/ Regierung bléckt kritesch op Lafzäitverlängerung vu Cattenom

Atomkraftwierk

Regierung bléckt kritesch op Lafzäitverlängerung vu Cattenom

D‘Regierung gesäit déi geplangt Lafzäitverlängerung vu Cattenom kritesch. De Regierungsrot huet een entspriechenden Avis ugeholl iwwert d‘Lafzäit vu verschiddenen Atomzentrale vun 1.300 Megawatt, zu deenen och Cattenom gehéiert.

auto_stories

1 min

Verschidden Aspekter, wéi zum Beispill d‘Performance vun de Filter, d‘Resistenz géint extern Impakter an d‘Gestioun vun Noutsituatiounen, missten nach eng Kéier vum franséische Bedreiwer EDF méi genee ënnert d‘Lupp geholl ginn, fir déi héchst méiglech nuklear Sécherheet ze garantéieren, heescht et am Schreiwes.

D‘Regierung widderhëlt iwwerdeems hir Positioun, datt Atomzentralen, bei deenen ee Risiko besteet – wéi Cattenom a Frankräich oder Tihange an Doel an der Belsch – ganz missten zougemaach ginn.