Radioen

On air

9 bis 1  |  Luk. - Gebeess (Corbi Remix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Service BMS vun der CFL: 3 Mataarbechter krute lescht Verwarnung

Iwwerwaachungskamerae vun der CFL

Service BMS vun der CFL: 3 Mataarbechter krute lescht Verwarnung

Et kéint ee beim Service BMS vun der CFL net vun engem Dysfonctionnement schwätzen. Dat ass d'Resultat vun engem Audit, deen ugefrot gouf, nodeems d'Tageblatt iwwer Mëssstänn am Service bericht hat. D'CFL huet gläichzäiteg allerdéngs bekannt ginn, datt intern Konsequenze géint 3 Mataarbechter gezu ginn. 

auto_stories

2 min

headphones

8 min

Iwwerwaachungskamera | © Chris Andrawes / Unsplash play_arrow
Foto: Chris Andrawes / Unsplash

De Service BMS ass zoustänneg fir d'Bildmaterial vun de 1.500 Iwwerwaachungskamerae vun der CFL. D'Tageblatt hat bericht, datt beim Service géif geschlof an Netflix gekuckt ginn. Doropshi gouf een Audit ugefrot, vun deem elo d'Conclusioune virleien. 

Conclusioune vum Audit gëllen net fir internt Verhalen

Et misst een Ënnerscheeden tëschent dem Audit an den disziplinaresche Mesuren, déi d'CFL als Betrib hëlt, erkläert den CFL-Direkter Marc Wengler. Beim Audit wier et deemno och drëms gaangen, d'Gouvernance an d'Prozedure vum BMS ze auditéieren. Déi wieren all, dem Audit no, "adequat, appropriéiert an effikass", esou de Marc Wengler. 

Anescht gouf dat awer beim interne Verhale festgestallt. Do wiere Mataarbechter hiren Aufgaben net nogaangen. 4 Mataarbechter, vun deenen een de Betrib scho verlooss huet, hätten dofir eng lescht Verwarnung kritt.

D'Kamerae sollen een ofschreckenden Effekt hunn

De Marc Wengler betount nach eemol, datt et net d'Aufgab vun der Mataarbechter:inne vu BMS ass, déi 1.500 Kamerae permanent am Bléck ze hunn. Et wier och net un hinnen anzesprangen oder anzegräifen. 

D'Iwwerwaachungskameraen hätten een ofschreckenden Effekt, seet hien. Dat och, well d'Police bei Bedarf op d'Bildmaterial zeréckgräife kann. Et wieren awer Prozeduren en Place, fir déi rar Fäll wou d'BMS-Mataarbechter:inne géifen Infraktiounen op de Kamerae gesinn. 

Lauschterenplay_arrow