Et wier eng historesch Reform vum Gesondheetswiesen, sot de Bundeskanzler Friedrich Merz gëschter, wéi d’Gesetz nom Regierungsrot virgestallt gouf. Vun de Krankekeessen an den Dokteschverbänn koumen allerdéngs ganz aner Téin: Spuer-Tricker op Käschte vun de Versécherten, eng seriö Schiflag, eng spierbar Verschlechterung.
Méi héich Montanten a verschidde Servicer fale ganz ewech
D’Regierung vum Friedrich Merz hat sech virgeholl mam neie Gesetz den Defizit bei de gesetzleche Krankekeesen an Däitschland auszegläichen – an am selwechte Moment awer dofir ze suergen, datt déi Verséchert an och d’Entreprisen net op méi héije Krankekeesse-Bäiträg géife setze bleiwen.
Fir gesetzlech verséchert Salariéë bedeit et: si musse sech op eng méi héich Eegeparticipatioun bei Medikamenter astellen. Partner kennen net méi automatesch matverséchert ginn. A verschidde Gesondheetsleeschtungen - wéi Screeninge fir d’Fréierkennung vun Hautkriibs - ginn an Zukunft net méi vun der Krankekeess bezuelt.
Och Dokteren a Pharmaindustrie sollen Ofstrécher maachen
Hir Remuneratiounen dierfe just nach am Gläichschrëtt mam Akommes vun de Krankekeesse klammen. Besonnesch grouss ass d’Kritik un engem bestëmmte Punkt vum proposéierte Gesetz.
Well mam Gesetz jo 16 Milliarden Euro solle gespuert ginn, reduzéiert d’Bundesregierung hir eege Subventioun un d’Krankekeessen. Dat heescht aus dem Staatsbudget komme knapp zwou Milliarden Euro manner an de Gesondheetssystem wéi bis elo.
Wärend d’Krankekeessereform an Däitschland, déi nach duerch d’Parlament muss, also déi Verséchert an d’Dokteren zousätzlech belaascht, entlaascht d’Regierung just sech selwer.