Deemno wieren direkt op e puer Plazen am Zentrum vu Syrien Kampffligeren a Militärhelikopteren agesat ginn. Den US-Defenseminister Pete Hegseth huet iwwer X matgedeelt, datt et sech ëm eng Reaktioun op eng Attack vu presuméierten IS-Terroristen handele géif.
Dobäi koumen a Syrien zwee amerikanesch Zaldoten ëm d‘Liewen. Dozou huet sech den IS bis elo awer nach net bekannt.