Radioen

On air

Notturno  |  Mike Wexler With Synthetic Love Dream - After

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ "Bei Raves geet et ëm Fräiheet"

Kultur

"Bei Raves geet et ëm Fräiheet"

Raves ginn net ëmmer an engem legale Kader ofgehalen. Wéi de Fall am Summer um Bauschelterbierg gewisen huet, fannen d’Nopere seele gefalen dorun. Firwat mellen d’Organisateuren hir d’Partyen net ëmmer bei de betraffene Gemengen un? De Joé Birchen huet mat enger passionéierter Rave-Organisatrice an dem Serge Hoffmann, Vize-President vum Syvicol geschwat.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: Bigstock / dws

Fatzeg Bäss, flackerend Luuchten an Niwwelmaschinnen, déi op Héichtoure lafen. D'Soiréeë ginn dacks an engem kommerzielle Kader a Clubs, oder op Festivallen organiséiert. Do dernieft sinn awer och privat Treffen a Bëscher, op Felder an nach méi ausgefalene Plaze beléift.

D’Fabienne ass schonns zanter Jore bei der Organisatioun vu Raves mat dobäi. Well si anonym bleiwe wëllt, hu mir hiren Numm geännert.

Ee "Safe-space" fir zesummenzefannen

Och wann hirer Meenung no d'Evenementer haaptsächlech mat elektronescher Musek verbonne géife ginn, géif et hei awer net ëm d'Musek eleng goen.

“Et gëtt Raven a ganz deier Techno-DJen, déi mer buchen, mee et gëtt awer och ee Besoin vu jonke Leit e Safe-Space ze hunn, zesummenzefannen an iergendwéi ze connectéieren.”

An dat och geleeëntlech ouni offiziell Geneemegung.

Fir de Serge Hoffmann eng Saach vu Responsabilitéit

Dem Serge Hoffmann, Buergermeeschter vun Habscht a Vizepresident vum Gemengesyndikat Syvicol no, sollt jiddereen, deen esou Evenementer plange wëllt, Interessi hu fir sech mat der Gemeng zesummenzesëtzen. D’Gemenge wieren nämlech responsabel fir d’sécurité, salubrité et tranquilité publique, an domat dozou opgefuerdert mat den Organisateuren ze schwätzen. Et wier deemno och an hirem Interêt, mengt de Serge Hoffmann.

"Et geet jo och dorëm kloer Responsabilitéite festzeleeën, an iwwerhaapt sech esou ze organiséieren, datt och d’Sécherheet um Site gewährleistet ass.”

Hei géif et zum Beispill ënner anerem ëm Verkéiersreegelungen, Sanitäranlagen a Kommodo-Prozedure goen, déi am Viraus misste gekläert ginn.

Eng Intersectioun tëschent Fräiheet a Sécherheet

Ee sécheren Espace ze hunn, ass och der Rave-Organisatrice Fabienne wichteg, allerdéngs wier et schwiereg ëmmer den offizielle Wee mat de Gemengen ze sichen.

“Ech menge bei Raves geet et ëm Fräiheet, an déi kann ee positiv an negativ gesinn. An ech mengen dofir ass et eis wichteg, datt mir eng Intersectioun tëschent Fräiheet a Safe-Space fannen.“

Et wéilt een also eng gewësse Kontroll iwwer dat, wat wärend de Raves geschitt. Et hätt een awer och net "onbedéngt Loscht do besicht ze gi vu Gemengenaarbechter, vun Autoritéitspersounen“, erkläert d'Fabienne - well ee sech fräi wëllt fillen.

Kollektiver, déi d'Reegelen net respektéieren, erhéijen Drock op d'Zeen

Do dernieft huet d'Fabienne och festgestallt, datt et zanter der Covid-Pandemie vill méi komplizéiert wier, onbemierkt dobaussen Evenementer ze organiséieren. Gutt accessibel Terraine géifen nämlech méi dacks kontrolléiert ginn. Et hätt een d'Plazen ëmmer respektéiert an och nees esou verlooss, wéi ee se fonnt hätt. Mee leider wieren et ëmmer nees Kollektiver, och aus dem Ausland ginn, déi déi Reegelen net respektéiert haten. Wat am Endeffekt den Drock op d’Zeen erhéicht hätt, esou nach d'Fabienne.

Dem Serge Hoffmann no wieren net ugemellte Raves am Gemengesyndikat Syvicol bis elo nach keen Theema gewiescht. Allgemeng hätt ee mat esou Eventer nach kee gréissere Problem gehat.

Ee gemeinsamen Nenner fannen

Hien ënnersträicht iwwerdeems, datt d’Gemenge generell frou sinn, wann Aktivitéite stattfannen. Schliisslech wieren d’Gemengen déi Plaz, wou sech d’Liewe géif ofspillen. Trotzdeem, misst et esou oflafen, datt et "fir jiddereen eng anstänneg Léisung bitt".

"Et duerf net iwwerdriwwe ginn, et musse verschidden Interêten esou ausbalancéiert ginn, datt et vu béide Säiten, vun deenen déi dann net do sinn, mee awer déi vläicht eng oder déi aner Nuisancen ze erdroen hunn, an déi di do sinn, datt een do ee gemeinsamen Nenner fënnt. An de meeschte Fäll klappt dat jo ouni Problem.”

Eleng wëlle gelooss ginn heescht net, illegal Aktivitéiten am Sënn ze hunn

D’Fabienne huet iwwer d'Joren illegal mee och offiziell Raves mat op d'Bee gestallt. Virum Kontakt mat de Gemenge scheit si sech net. Allgemeng huet si awer d'Gefill, datt een hei nach Opklärungsaarbecht leeschte misst: Wann een nämlech als Communautéit eleng gelooss wéilt ginn - wat an der Rave-Zeen hirer DNA läit - géifen d'Gemengenautoritéiten dacks unhuelen, datt een illegal Aktivitéiten am Sënn hätt. Dobäi géif et awer just ëm d'Fräiheet an d'Communautéitsgefill goen. Amplaz direkt mat de Verwaltungen zesummenzeschaffen, kéint d'Fabienne sech zum Beispill virstelle fräiwëlleg Awunner:innen aus der betraffener Gemeng mat an der Organisatioun dobäi ze hunn.

Do dernieft wënscht sech d’Rave-Organisatrice, datt d'Bürokratie vereinfacht kéint ginn. An deem Sënn géif sech de Serge Hoffmann och iwwer eng Aféierung vum Once-Only Prinzip freeën. Dëse gesäit nämlech vir, datt d'Administratiounen Donnéeë vu Privatleit a Betriber ënnerteneen deele kënnen, wat d'Organisatioun vereinfache géif.

Lauschterenplay_arrow