Et hätt och keng "Explosioun vun de Faillitte" ginn. D'Zuel vun de Faillitte wier awer liicht geklommen. Donieft géif ee feststellen, datt an engem méi schwieregen Ëmfeld méi Entreprisen am Bauhandwierk fräiwëlleg ophalen, esou de Max Urbany. Déi géifen dann ouni Scholden de Betrib zoumaachen.
"Do gesi mer schonn eng Hausse, an dat deet eis natierlech leed, dass do iergendwou den Entrepreneursgeescht duerch esou Krisen e bësse verluer geet."
Insgesamt géif de Bausecteur elo 3.000 Leit manner beschäftegen, wéi am Joer 2021.
Bei de VEFA zécken d'Leit nach
D'Zënspolitik wier den Haaptgrond gewiescht, deen zur Kris am Secteur geféiert hätt, esou de Chef-Ekonomist vun der Handwierkerkammer. Wichteg wier elo, datt d'Clienten erëm Vertrauen an de Marché vun de Logementer op Plang kréichen. Déi Wunnengen, déi schonn existéieren, géifen nees méi dynamesch verkaf a kaf ginn.
"Mee bei de VEFAen, do zécken nach verschidde Leit. An do ass et wierklech un de Promoteuren elo fir ze beweisen, dass de Secteur stabel ass."
Dauert nach bis d'Mesurë vum Logementsdësch gräifen
Generell geséich een, datt et erëm eng gewëssen Demande um Logementsmarché géif ginn, esou de Max Urbany. Dat nodeems viru ronn zéng Méint, um Logementsdësch ee Mesurëpak ugekënnegt gouf. Am Gros oeuvre géif et effektiv nees lues biergop goen.
"Mee alles wat elo um Second oeuvre hänkt, dat schleeft nach e bëssen. Dat dauert nach e bëssen, éier déi Mesuren och wierklech do ukommen."
D'Reduktioun vun den Enregistrementskäschte wier ee ganz staarkt Signal am Gesamtpak gewiescht, esou de Vertrieder vun der Handwierkerkammer. An deem Kontext begréisst de Max Urbany d'Ukënnegung, datt déi zäitlech limitéiert Steiermesuren ëm een halleft Joer, bis Enn Juni d'nächst Joer, solle verlängert ginn.