D'Rapportrice Françoise Kemp ass selwer réischt zënter zwee Joer am Parlament a gesäit et als Chance, deen Dossier ze iwwerhuelen. Si ass der Meenung, datt den Dossier séier wäert kënnen duerch d’Chamber goen.
"Ech denken, datt mir dat gutt hikréien. Mir hu jo vill am Viraus zesummegeschafft, probéiert e Konsens ze fannen op deem Dossier. Dofir sinn ech ganz zouversichtlech."
Studiejoer gi mat Maximum vun 9 Joer ugerechent
Si hätt sech net selwer gemellt fir den Dossier ze iwwerhuelen. Vue datt si sech selwer vill mat der Pensiounsreform beschäftegt hätt, wier een op si zoukomm.
"Ech muss éierlech soen, ech hu mech eleng mat de Pensioune beschäftegt. Ech sinn an der Kommissioun Sécurité sociale. Genau sou war ech op d'Experteronne. Vun dohier gouf ech doropshi gefrot, ob ech dat wéilt maachen."
Wat d'Studiejoren ubelaangt, esou sollen déi an Zukunft vun 18 Joer un, mat engem Maximum vun 9 Joer, ugerechent ginn. Dat hat d’CSV-Ministesch Martine Deprez gëschter um Mëttwoch an der zoustänneger Chamberkommissioun bekannt ginn. Haut läit d’Limitt bei engem Alter vu 27 Joer.