arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jonk Demokraten mat Kritik: Premier Luc Frieden scheitert un eegenen Uspréch

No der rezenter Sozialronn

|
headphones

1 min

Jonk Demokraten mat Kritik: Premier Luc Frieden scheitert un eegenen Uspréch

D'Jonk Demokraten äussere Kritik um Premier Luc Frieden an un der CSV-DP-Regierung wéinst der rezenter Sozialronn an de Resultater, déi a Saache Pensiounsreform annoncéiert goufen. De Premier Frieden géif un den eegenen Uspréch scheiteren, schreiwen déi Jonk Demokraten an engem Communiqué.

headphones

1 min

Déi annoncéiert Mesurë wieren hallefhäerzeg Kompromësser a géifen de Rentesystem net nohalteg sécheren. D'Regierung géif Symbolpolitik maachen an d'Laascht op déi jonk Leit verréckelen.

Zu den eenzele Mesuren, déi d'Regierung proposéiert, soen d'Jonk Demokraten ënner anerem: D'Verlängerung vun de Cotisatiounsjoren ëm 8 Méint bis 2030 géif just eng kleng Unzuel u Leit kuerzfristeg treffen a bal keng Entlaaschtung fir de System bréngen. An d'Erhéijung vun de Cotisatiounen ëm jeeweils 0,5 Prozent fir Salariéen, Patronen a Staat, wier just eng marginal Upassung ouni strukturellen Effekt, esou d'Jonk Demokraten.