Dat lescht Joer wär ënner anerem positiv gewiescht, well de Mediateur an d’Verfassung agedroe gouf. Wat d’Zuel un Affären ugeet, mat deenen den Ombudsman befaasst gouf, goung déi vun 1.247 virzejoert op 1.456 zejoert erop.
Woubäi de Service vum Médiateur bei 190 Affäre guer net kompetent war, wéi d’Claudia Monti ënnerstrach huet
“Do mierkt een awer trotzdeem nach, dass e bëssen Opkläerungsbedarf do ass, firwat datt den Ombudsman do ass.“
Bei 191 aneren Affären hunn d’Leit sech iwwerdeems zréckgezunn.
Vu Pensioun bis Probleemer mam Pass
Wat déi traditionell Recommandatioune vum Ombudsman un d’Politik ugeet, sou dréien déi dës Kéier zum Beispill ëm en Ënnerscheed tëscht Salariéen an Indépendante bei Aktivitéiten an der Pensioun, ëm de Klassement vu Gebaier an ëm d’Schaffen am Interim. A punkto Reklamatiounen huet zejoert, wat d’Gemenge betrëfft, ënner anerem d’Propperhale vu Beem ervirgestach. Wat de Staat ugeet, sou goung et do ënner anerem ëm d’Fro, wat mam Heemechtpass vu Leit geschitt, déi internationale Schutz hei am Land hunn an déi Lëtzebuerger ginn.
“Kritt Der deen zréck oder kritt Der deen net zréck? Bis viru kuerzem huet den Ausseministère deen nämlech zréckginn, an entre-temps gi se déi net méi zréck, well se soen: Wann een d’Lëtzebuerger Nationalitéit huet, brauch ee keen anere Pass méi. Wéi gesot, mir sinn eis do net ganz eens”
Den Ausseministère wéilt Bedruch verhënneren, ma a verschiddene Länner wier e Pass néideg, fir säin Diplom ze kréien, sou d’Médiateur. Wann een awer keen Diplom virweise kéint, da wier et schwéier, den Diplom hei am Land unerkannt ze kréien. Do géif d’Kaz sech an de Schwanz bäissen.
En anere Problem ass dee vun den Délaie fir Demandeure vun internationalem Schutz. Et wier wuel ze verstoen, datt déi sech alt an d’Längt zéien. Dat wier fir déi Betraffe schwéier z’acceptéieren, huet d’Claudia Monti betount.