arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ RTL/Lunghi-Affär: Parquet général freet Minimal-Geldstrof fir RTL-Journalisten

Justiz

|
reading time

1 min

RTL/Lunghi-Affär: Parquet général freet Minimal-Geldstrof fir RTL-Journalisten

Fir de Vertrieder vum Parquet général soll am Appellprozess an der sougenannter RTL/Lunghi-Affär den Ex-RTL-Direkter Alain Berwick fräigesprach bleiwen. Déi fréier RTL-Journaliste Marc Thoma a Sophie Schram sollen hirersäits zur minimaler Geldstrof vu jee 251 Euro verurteelt ginn.

reading time

1 min

© unsplash
(Foto: unsplash)

Dat amplaz vun 1.000 Euro, wéi et an éischter Instanz virgesi war.

Am Appellprozess goung et nach emol ëm d’medial Couverture, duerch RTL, vun engem Interview mam deemolege Mudam-Direkter.

Virfall läit 10 Joer zeréck

D’Sophie Schram hat deen am September 2016 gefouert. An deem Interview hat den Enrico Lunghi ee Moment, ausser sech, de Mikro vun der Journalistin ewechgeschloen a si mam Aarm geholl. An der Suite dovun hat RTL de Virworf gemaach kritt, e Reportage doriwwer wär manipuléiert gewiescht. An den Ae vum Vertrieder vum Parquet général wär den Enrico Lunghi an deem Reportage méi schlecht duergestallt ginn, wéi et war. Dogéint huet de Me Baulisch, Affekot vum Marc Thoma, gefuerdert, datt säi Client sollt fräigesprach ginn.

D’Appellurteel ass fir den 20. Mee.