arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ RTL/Lunghi-Affär: Appellprozess nach net ofgeschloss

Justiz

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

RTL/Lunghi-Affär: Appellprozess nach net ofgeschloss

Den Appellprozess ass, anescht wéi geplangt, net op en Enn komm. Den Affekot vum fréiere Mudam-Direkter huet Schuedenersatz an Héicht vun 46.500 Euro gefrot. Dogéint sot D'Affekotin vun der Sophie Schram, datt an dëser Affär aus dem Ugräifer en Affer gemaach gouf an hir Cliente fräizesprieche wär

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Geriicht | © Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

9 an en halleft Joer nom Interview vun der Ex-RTL-Journalistin Sophie Schram mam fréiere Mudam-Direkter Enrico Lunghi ass den Appellprozess dozou nach ëmmer net eriwwer.

Gëschter hätt deen zweete Prozess u sech sollen op en Enn kommen, mee et stinn nach Plädoyere vun Affekoten an de Requisitoire vum Vertrieder vum Parquet général aus. De 15. Abrëll soll den Appellprozess elo ofgeschloss ginn.

Aus dem Ugräifer wier een Affer gemaach ginn

An dësem zweete Prozess geet et nach emol ëm déi medial Couverture duerch RTL vun engem Interview am September 2016. Doran hat den Direkter ee Moment, ausser sech, de Mikro vun der Journalistin ewechgeschloen a si mam Aarm geholl. An der Suite dovun hat RTL de Virworf gemaach kritt, e Reportage doriwwer wier manipuléiert gewiescht.

De Me Jean Lutgen, Affekot vum Enrico Lunghi, huet widderholl, datt säi Client d’Affer vun engem manipuléierte Reportage gi wier. Hien huet dowéinst ronn 46.500 Euro Schuedenersatz gefrot, an datt den Ex-RTL-Direkter Alain Berwick och sollt verurteelt ginn. An éischter Instanz war dee fräigesprach ginn.

Den Alain Berwick sot, datt et sengerzäit keng Hexejuegd géint den Enrico Lunghi ginn hätt a sech hausintern net fir d’Sophie Schram agesat gi wier. Dobäi sollt kee Journalist agresséiert ginn. An deem seng Aarbecht wier déi, fir Froen ze stellen.

Fir d’Me Lydie Lorang, Affekotin vun der Sophie Schram, wier aus dem Ugräifer Enrico Lunghi en Affer gemaach ginn. Deen hätt hir Mandantin agresséiert a sech total donieft beholl. Dono wier d’Welt awer op d’Kopp gedréint ginn. Hir Cliente sollt fräigesprach ginn.

Ee Reportage wéi honnerten anerer

Am éischte Prozess war eng Geldstrof vu jee 1.000 Euro fir d’Sophie Schram an de Marc Thoma gesprach ginn, nieft dem Bezuele vum symboleschen Euro un den Enrico Lunghi. Géint dat Urteel haten d’Sophie Schram, de Marc Thoma, den Enrico Lunghi an de Parquet Appell gemaach.

D’Sophie Schram hat d’lescht Woch schonn ausgesot, sech näischt zu Schold komme gelooss ze hunn an d’Affer vun enger Handgräiflechkeet gewiescht ze sinn. Den Enrico Lunghi hätt sech dono awer als Affer inzenéiert.

Och de Marc Thoma hat erkläert, datt hie kee Feeler gemaach hätt. Hien hätt wuel am Reportage geschnidden, well 28 Sekonne laang näischt ze gesi gewiescht wier. Aner Tëleeë géifen dat och maachen, an dee Reportage do wier ee gewiescht, wéi honnerten anerer.

play_arrow Lauschteren