Den iranesche President huet Israel op en Neits virun enger militärescher Géigenattack gewarnt.
Vun Israel koum bis elo keng Äntwert. De Krichs-Cabinet war do op en Neits zesummen. Israel huet awer net ëffentlech gemaach, ob eng Decisioun geholl gouf. D‘USA an aner Alliéierter vun Israel hunn déi iranesch Attacke verurteelt, mee si hunn d‘Regierung vum Benjamin Netanjahu opgeruff, sech zréckzehalen, an eng weider Eskalatioun ze verhënneren.