arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mann wéinst sexueller Belästegung festgeholl, hie soll sech viru Fra entbléisst hunn

Police

|
reading time

1 min

Mann wéinst sexueller Belästegung festgeholl, hie soll sech viru Fra entbléisst hunn

D‘Police ass gëschter geruff ginn, well ee Mann sech zu Déifferdeng virun enger Fra entbléisst huet. Kuerz drop gouf e weidere Fall gemellt. D‘Police konnt de Mann lokaliséieren a mathuelen.

reading time

1 min

© Pit Beffort
(Foto: Pit Beffort)

Well et sech beim presuméierten Täter ëm ee Widderhuelungstäter gehandelt huet, gouf e wéinst presuméierter sexueller Belästegung festgeholl an ass de Moie virun den Untersuchungsriichter komm.

330 Protokoller wéinst Handy um Steier

D‘Police huet déi lescht Deeg iwwer 330 Protokoller wéinst Handy hannert dem Steier verhaangen. 310 Chauffeure krute bei de Kontrollen ee Protokoll, well hir Pabeieren net an der Rei waren. Dat ass de Bilan vun enger Campagne zur Oflenkung hanner dem Steier.