De fréiere Profi kritt jo ënner anerem Fälschung, Bedruch a Verontreiung virgehäit. Den haut 65 Joer alen Theo Malget soll vun 2009 bis 2013, mat Hëllef vum Matbeschëllegten, eppes méi wéi eng Millioun Euro vu Privatleit verontreit hunn. Fir de Vertrieder vum Parquet ginn d’Faiten an dëser Affär an déi selwecht Richtung wéi déi, wéinst deenen den Ex-Fussballer 2013 am Appell zwee Joer feste Prisong kritt hat.
Erënnerungen u fréier Affär
D’Faiten an dëser Affär wären eng Suite vun deenen an där viregter aus de Joren 2001 bis 2007: Och deemools wär verstoppt ginn, datt d’Sue fort wären. D’Finanzkonstrukt, an dësem Fall, mat héich spekulative Produiten hätt vun Ufank un net kënnen opgoen, an awer sollten d’Affer souvill wéi méiglech investéieren.
E puer Leit hätten dann och zolidd finanziell Plomme gelooss. D’Strofmooss géint den Theo Malget wäert haut 8 Deeg bekannt ginn, nom Verhandele vun enger zweeter Affär géint hien, esou de Vertrieder vum Parquet. Dono ass et dann un de Riichteren, fir ze decidéieren.
Affekote vun den Ugeklote gesinn hier Clienten net an der Schold
D’Me Martine Krieps, Affekotin vum Ex-Profi, huet fonnt, datt d’Affer liichtfankeg waren. Si huet sech donieft gefrot, ob den Theo Malget net och en Affer vum System war. Esou hätt hie seng Duechter dozou incitéiert, fir ze investéieren. Dat géif weisen, datt hien un de Produit gegleeft hätt. Dem fréiere Fussball-Nationalspiller wär keng kriminell Energie nozeweisen an och keng Absicht, fir ze schueden. Dofir sollt den Theo Malget fräigesprach ginn.
Fir de Me Marc Becker, Affekot vum zweeten Ugekloten, stellt sech d’Fro, ob dee Mann, nodeems hien dat éischt Affer war, zum Kompliz oder Co-Auteur gouf. Säi Client hätt keen iwwerzeegt, fir ze investéieren, a wär och net bezuelt ginn, fir Clienten ze bréngen. Soudatt och hie fräizesprieche wär. Dogéint hat de Vertrieder vum Parquet gëschter zwee Joer Prisong mat deelweisem Sursis fir deen 73 Joer ale Mann verlaangt.
Dëse Prozess dierft haut 8 Deeg ofgeschloss ginn.