arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Am Prozess géint den 112-Operateur hunn d'Riichter keng Strof gesprach

Justiz

|
reading time

1 min

Am Prozess géint den 112-Operateur hunn d'Riichter keng Strof gesprach

Am Prozess géint een Operateur vum 112 gouf um Stater Geriicht festgehalen, datt Feeler geschitt sinn. D'Riichter hunn dofir awer keng Strof gesprach. Anescht an der Affär ronderëm e jonke Mann, dee säi Stéifpapp ëmbruecht huet.

reading time

1 min

De Parquet hat wéinst ënnerloossener Hëllef ee Joer Prisong mat Sursis an eng ugemoosse Geldstrof fir den 39 Joer ale Mann verlaangt.

Hien hat virun zwee Joer trotz Noutruff keng Ambulanz geschéckt.

Eng deemools 41 Joer al Fra hat den 112 geruff a gesot, si hätt ze vill Medikamenter geholl. Si sot nach, datt den Owend schlecht ausgoe géif, wa si sou weiderfuere géif. Véier Deeg drop war der Fra hir Läich fonnt ginn.

Weidert Urteel: Mann wéinst Mord u sengem Stéifpapp schëlleg gesprach

Een 18 Joer ale Mann gouf dann de Mëtteg an enger anerer Affär wéinst Mord u sengem Stéifpapp schëlleg gesprach. Hie krut eng Prisongsstrof vun 18 Joer, 8 dovu mat Sursis. Hie war zum Zäitpunkt vun der Dot 16 Joer al.

Fir 5 vun deenen 8 Joer Sursis gëllt e Sursis mat Oploen, zu deenen ënner anerem e psychiatresche Suivi gehéiert.

Donieft muss hien dräi Partie-civille bal 6.500 Euro Schuedenersatz bezuelen, plus all kéiers de symboleschen Euro.