search

/ Prozess ëm Policegewalt: Ugeklote wëllen an der Police bleiwen

Stater Gare

|
reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Prozess ëm Policegewalt: Ugeklote wëllen an der Police bleiwen

Um 3. Dag vum Prozess ëm Policegewalt am Ex-Kommissariat Stater Gare hunn déi 4 beschëllegt Polizisten nach emol ausgesot. Am Mee 2023 soll ee vun hinnen e Mann, dee voll war, e puermol geschloen hunn. No der Dot soll e véierte versicht hunn, fir d’Dot ze vertuschen.

reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Geriicht | © Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

Déi véier waren zwee Méint drop festgeholl ginn an an Untersuchungshaft komm. An der Suite dovu goufe si suspendéiert. No eppes iwwer zwou Stonnen Depositioune vun den Ugeklote sot de President vum Geriicht kuerz viru Mëtteg, hien hätt es elo genuch. Do virdrun haten déi véier d’Faite contestéiert, sech onwëssend gewisen, onbeandrockt oder versicht, fir ze erklären.

Den Haaptugekloten Tom D. wëllt um Owend vun der Dot vum Beschëllegten André A. gesot kritt hunn, datt dat spéidert Affer an enger Zell am Kommissariat wier. Hien huet awer och contestéiert, datt tëschent him an dem Affer eng Rechnung opstoung. Ëmgedréint wier richteg.

Onkloer wie wéi vill geschloen huet

Den Ugeklote Joé K. hätt d’Dier vun der Zell opgespaart an d’Affer do geschlof. Den Tom D. hätt de Mann geruff, dee wier opgestanen, getierkelt an hätt du säi rietsen Aarm gehuewen. De Polizist hätt du geduecht, de Mann géif hie schloen, esou datt hien dem Affer eng ginn hätt, mam lénken Handballen, an net der véier, wéi de Joé K. gesot hat.

D’Blessure vum Mann wiere wuel drop zeréckzeféieren, datt deen op eng Bänk an dono op de Buedem gefall wier. E Fauschtschlag an d’Gesiicht wëllt de Polizist net ginn hunn, ma sech nach op d’Affer fale gelooss hunn. Am léifste wéilt den Tom D. och an der Police bleiwen.

Dat selwecht sot de Joé K. Fir de Rescht wollt hien ënner anerem net wëssen, ob den Tom D. eng Rechnung mam Affer opstoen hat a firwat hie sech mat ëm d’Affer gekëmmert hätt. Den Tom D. hätt dem Affer der lénks-riets-lénks-riets ginn, dovun eng mat der Fauscht. Och fir de Joé K. hätt sech d’Affer wuel beim Fale wéi gedoen. Hie selwer hätt d’Affer net an de Réck gerannt, mee iwwert d’Bee gezunn.

“Op der falscher Linn gefuer”

De Matbeschëllegte Rick S. wier deen Owend mat an d’Zell gaangen, ouni ze wëssen, ween do wier. Do hätt hie matkritt, datt et e puermol geknuppt hätt, méi awer net. Hie kéint net soen, a wat fir engem Zoustand d’Affer dono war, well hien näischt gesinn hätt. Deen Owend wier eppes schifgelaf, mee hien hätt näischt domat ze dinn.

Den Ugekloten André A. da wier, wéi no Präzisiounen zu de Blessure vum Affer gefrot gouf, vun enger Rebellioun ausgaangen. Hien hätt gemengt, et wier net derwäert, dat nodréiglech op d’Blat ze bréngen. Dono wier hien op där falscher Linn weidergefuer. Och hien hätt éischter geduecht, datt d’Affer eng Rechnung mam Tom D. opstoen hat. E Plang B amplaz vu Polizist-sinn hätt hien net.

play_arrow Lauschteren