arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fernand Kartheiser: Juristesche Sträit ëm Pensiounsuspréch geet an déi zweet Ronn

Justiz

|
reading time

2 min

Fernand Kartheiser: Juristesche Sträit ëm Pensiounsuspréch geet an déi zweet Ronn

Den Tribunal administratif huet sech eng zweete Kéier mam juristesche Sträit ëm d'Pensiounsuspréch vum Fernand Kartheiser befaasst. Am September hat de Politiker an 1. Instanz um Verwaltungsgeriicht Recht kritt. Mee d’Cour administrative huet d'Affär nees bei déi éischt Riichteren zeréckgeschéckt.

reading time

2 min

Fernand Kartheiser | © European Union
Fernand Kartheiser (Foto: European Union)

Schonn virun engem Joer hat den Tribunal administratif sech mam juristesche Sträit ëm Pensiounsuspréch vum ADR-Politiker Fernand Kartheiser befaasst. De leschte Mount hat d’Cour administrative d’Affär dunn awer nees bei déi éischt Riichteren zeréckgeschéckt. Et gouf nämlech festgehalen, datt sech déi 1. Instanz zu Onrecht inkompetent erkläert hat, wat e “Recours en réformation” ugoung. Well deen awer bei Pensiounsfroe virgesi wier, misst sech den Tribunal eeben nach emol mam Sujet beschäftegen. 

Uspréch aus der Fonctionnaireskarriär

Am Sträit tëschent dem Fernand Kartheiser an dem Ministère vum ëffentlechen Déngscht geet et ëm Uspréch aus der Fonctionnaireskarriär vum ADR-Politiker. An der Zäit vu sengem nationalen Deputéiertemandat wier hien net an d’Déngschtgrad 17 an 18 komm; den Europadeputéierten hat argumentéiert, dat géif sech negativ op seng Pensioun auswierken. Den deemolegen DP-Fonction-publiques-Minister Marc Hansen hat eng entspriechend Demande vum Fernand Kartheiser awer zeréckgewisen.

Déngschtgrad 16 oder 18?

Ëm déi Déngschtgrad goung et gëschter um Dënschdeg och an de Plädoyere vum Affekot vum ADR-Politiker a vun der Vertriederin vum Staat, mat entgéintgesate Positiounen allerdéngs. De Me Holler, Affekot vum Fernand Kartheiser, huet ervirgehuewen, datt eng aner Persoun an engem änleche Fall an de Grad 18 komm wier.

Fir d’Vertriederin vum Staat dogéint hätt de Fernand Kartheiser och kënnen am Grad 16 bleiwen, well och esou e Fall hätt et am Ausseministère ginn. 

Dem Me Holler no wier de Grad 17 fir Ambassadeuren am Ausland virbehalen an den 18 fir därer, déi am Land bleiwen an eng Direktioun am Ausseministère iwwerhuelen, esou wéi säi Client, argumentéiert den Affekot vum Fernand Kartheiser. 

Regierung hätt de Fernand Kartheiser missten an de Grad nennen 

An den Ae vun der Vertriederin vum Staat dogéint hätt den ADR-Politiker vun der Regierung missen an de Grad 17 oder 18 genannt ginn, an et wier keen Automatismus, datt ee weiderkéim. Fir de Me Holler sollten déi éischt Riichteren d’Urteel vun hire Kolleege vun zejoert confirméieren. Der Vertriederin vum Staat no wier de Recours vum Fernand Kartheiser dogéint zeréckzeweisen.

D’Urteel gëtt an deenen nächste Woche gesprach.