arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Prozess ëm Doudschlag zu Bouneweg: Parquet fuerdert 16 Joer Prisong

Justiz

|
headphones

2 min

Prozess ëm Doudschlag zu Bouneweg: Parquet fuerdert 16 Joer Prisong

Am Prozess ëm den Doud, am Januar 2021, vun engem Jonken zu Bouneweg huet de Vertrieder vum Parquet de Moien um Stater Geriicht 16 Joer Prisong fir den Haaptugeklote gefuerdert. Dovu maximal d’Hallschent mat Sursis. Fir de Vertrieder vum Parquet muss ee vu Mord schwätzen.

headphones

2 min

Stater Geriicht - klenge Sall 1.04 | © Eric Ewald
Stater Geriicht - klenge Sall 1.04 (Foto: Eric Ewald)

Viru bal 5 Joer koum et am fréien Owend am Stater Quartier zu enger Ausenanersetzung tëschent Jonken. Am Sträit goung et ëm Drogen, an um Enn hat den deemools 17 Joer jonke Mann een anere Mann vun 18 Joer déidlech mat engem Messer blesséiert.

Haaptugekloten hätt Doud a Kaf geholl

Ganz seele kéim e Mannerjäregen zu Lëtzebuerg virun eng Chambre criminelle. D’Decisioun, dat an dësem Fall ze maachen, wier awer justifizéiert, sou de Vertrieder vum Parquet. Hei wier net nëmmen e jonke Mann gestuerwen, mee och de Matugeklote blesséiert ginn. Den Haaptbeschëllegte wier fir de fatale Messerstach responsabel, a wann e Messer eng vulnerabel Kierperpartie trëfft, da géif een den Doud vum Géigeniwwer a Kaf huelen.

D’Absicht, fir d’Affer ëmzebréngen, hätt virgeleeën, an de Geste wier mat grousser Kraaft ausgefouert ginn. Den zweete Stach géint de Matugeklote wier och bal liewensgeféierlech gewiescht, sou datt op d’mannst aacht Joer feste Prisong sollte gesprach ginn.

De Matugekloten, dee mat enger Matraque drageschloen hätt, sollt iwwerdeems zu sechs Méint Prisong mat Sursis verurteelt ginn oder, alternativ, zu 240 Stonnen Aarbecht am Déngscht vun der Allgemengheet.

Affekot: Keng Absicht fir ëmzebréngen

Fir de Me Marc Lentz, Affekot vum Haaptugekloten, kann dogéint vu Mord keng Rieds sinn, well et wiere keng sou Menacen artikuléiert ginn. Säi Mandant hätt eng kritt, doropshin d’Stäre gesinn, an du wier et a Panik zum fatale Geste komm. Eng Absicht, fir ëmzebréngen, hätt et net ginn, an de Messerstach géint de Matugeklote wär kontestéiert. Sou datt eng manner héich Strof wéi déi gefuerdert sollt gesprach ginn. D’Me Feith, Affekotin vum Matugekloten, huet iwwerdeems op Fräisproch fir hire Client plädéiert, well deen an Noutwier gehandelt a mat der Matraque keng grouss Blessure provozéiert hätt.

D’Urteel ass fir den 13. November.