Radioen

On air

9 bis 1  |  Aldous Harding - The Barrel

play_arrow Live
search

/ Prozess ëm Doud vun enger Fra: Parquet freet 18 Joer Prisong

Justiz

Prozess ëm Doud vun enger Fra: Parquet freet 18 Joer Prisong

18 Joer Prisong, deelweis eventuell mat Sursis probatoire, verlaangt d‘Vertriederin vum Parquet gëschter, Donneschdeg, fir en Ugekloten. Dëst am Prozess um Stater Geriicht iwwert den Doud vun enger Fra zu Bouneweg am Mee 2023. Den Ugekloten, e 36 Joer ale Mann, soll och e psycho-soziologesche Suivi kréien.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Justiz | © Bigstock / AndreyPril play_arrow
Justiz (Foto: Bigstock / AndreyPril)

Viru knapp zwee Joer hat hien eng Fra vun 63 Joer fir d’éischt gewiergt an dunn erstach. Um Enn vun der Sëtzung vu gëschter sot de Mann, hie wéilt sech fir dat entschëllegen, wat hie gemaach hätt, Eric Ewald.

Dem Lëtzebuerger Wort no hat de Beschëllegten op den zwee éischten Deeg vum Prozess ë.a. gesot: "Mir haten immens Sträit, an do ass et geschitt.", respektiv "Et ass mer einfach duergaangen, ech konnt net méi." Sengem Affekot no wier de Punkt, wou säi Liewe gekippt wier, dee gewiescht, wéi seng Mamm krank gouf. Wéi si gestuerwen ass, wier carrement eng Welt fir de Mann zesumme gebrach, sou de Me Baulisch. Doropshin hat hien d’Affer kenne geléiert, iwwer eng vun der Fra hiren Duechteren.

Zwou traureg Liewensgeschichten

D’Fra hätt him awer ëmmer nees Frechheete gemaach, an zu engem gewëssene Moment hätt hien net méi gewosst, wéi hie sech anescht wiere kéint. D’selwecht wéi fir d’Vertriederin vum Parquet hätt och fir den Affekot kee Virsaz virgeleeën, an e Sursis probatoire wier net sou schlecht. D'Strofmooss wier fir de Me Baulisch ze héich.

An hirem Requisitoire hat d’Vertriederin vum Parquet gemengt, d’Geriicht wier an dësem Fall mat zwou traurege Liewensgeschichte befaasst. Wat d’Dot ugeet, där hire geneeën Zäitpunkt net zu 100 Prozent ze retracéiere wier, hätt d’Fra nom Wiergen nach gelieft. Eréischt de Messerstéch wier déidlech gewiescht. An hiren Ae wier Doudschlag zréckzebehalen an net Mord. D‘Dot wier nämlech net iwwerluecht gewiescht, mee op en Impuls hi geschitt.

Um Ufank vun der Sëtzung hat d’Me Geiben, Affekotin vun der eenzeger Partie civile, nach 70.000 Euro Schuedenersatz fir déi eelsten Duechter vum Affer gefrot.

D’Urteel ass fir den 12. Februar.