Deemools war den Ausléiser e jonkt Meedchen, dat kee Voile unhat, an dat vun der Police am Prisong esou uerg blesséiert ginn ass, datt et gestuerwe war.
Freedefeier zu Teheran
Zënter Deeg hunn d’Iraner:inne keen Zougang méi zum Internet, an dach si se zënter zwou Wochen an der Haaptstad Teheran op de Stroossen. Am Ufank gouf géint d’Inflatioun an d’Kafkraaft protestéiert, mëttlerweil ass déi Beweegung vill méi politesch.
Op de Pancartë sinn et Slogane géint de Regimm, dëst trotz der Angscht virun der Repressioun.
ONGen hunn e puer Dosen Doudeger bannent deene leschten zwou Woche gemellt. Op Videoen, déi d’Presseagence AFP konnt authentifizéieren, gesäit een ewéi iwwer enger vun de grousse Plazen am Norde vun der Haaptstad Freedefeier lancéiert gëtt. D’Manifestante klappen op Kasserollen.
Fils vum fréiere Shah mellt sech zu Wuert
Ënner de Slogane steet awer och den Numm vum Fils vum fréiere Shah, dem Reza Pahlavi. Eng Dynastie, déi 1979 vun der islamescher Revolutioun verjot gouf. De fréieren Ierfprënz Reza Pahlavi huet bei den Iraner een Appell lancéiert fir sech drop virzebereeden, d’Stadzentren ze besetzen.
Et wier de Presseagencen no awer ganz schwiereg, een Iwwerbléck iwwer d’Situatioun ze schafen. Dat éinst dem Internet, dee vun den Autoritéite blockéiert gouf. Eng Taktik fir ze verhënneren, datt Informatiounen iwwer d'Brutalitéiten an iwwer Doudeger zirkuléieren, warnen iranesch dissident Realisateuren ewéi de Jafar Panahi.
Och 9 Kanner sollen ënner den Doudege sinn
Zënter dem 28. Dezember, wéi d’Onrouen ugefaangen hunn, wieren 51 Mënsche gestuerwen, dorënner 9 Kanner. Honnerten anerer wiere blesséiert ginn. Dat schreift d’ONG Iran Human Rights Watch, déi an Norwege baséiert ass. Aner Aktiviste schwätze vun iwwer 65 Doudeger.
Op Videoe gesäit een an engem Spidol Blesséierter, mee och d’Läiche vu Manifestanten, déi do opgestapelt sinn.
Donald Trump dreet mat Interventioun
Den US-amerikanesche President Donald Trump hat Teheran mat enger Attack gedreet, sollte bei de Manifestatioune Mënschen ëm d’Liewe kommen.
Op senger Plattform Truth Social huet den Trump geschriwwen, datt d’Iraner d’Fräiheet ustriewen. Den Donald Trump wier an de leschten Deeg iwwer déi aktuell Situatioun informéiert ginn an och iwwer d’Optiounen, déi et gëtt, fir am Iran ze intervenéieren, mee eng Decisioun wier awer fir den Ament net getraff ginn, berichten US-Zeitungen ewéi d’New York Times.
Och d’EU-Kommissiounspresident Ursula von der leyen huet d’Repressioun géint d’Manifestante schaarf verurteelt.