search

/ Projet vun der Steierreform soll ouni Ännerungen Enn Oktober gestëmmt ginn

Chamber

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Projet vun der Steierreform soll ouni Ännerungen Enn Oktober gestëmmt ginn

De Projet Steierreform soll Enn Oktober an der Chamber gestëmmt ginn, ouni datt nach eppes doru geännert gëtt, esou haut d’Presidentin vun der Chamber-Finanzkommissioun Diane Adehm. D’Reform soll wéi virgesinn 2028 a Kraaft trieden.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Chambre des députés
(Foto: Chambre des députés)

De Moie gouf an der Finanzkommissioun d’Nott "Imposition individuelle et situations familiales" vun der wëssenschaftlecher Cellule vun der Chamber presentéiert. An dës Nott géif confirméieren, datt bei der Steierreform vill Saachen anescht misste gemaach ginn, huet den LSAP-Deputéierte Franz Fayot ënnerstrach. 

D’Bereetschaft bei der CSV-DP-Majoritéit fir nach eppes um Projet ze änneren, wier "gläich null", huet de Franz Fayot bedauert. D’Nott vun der wëssenschaftlecher Cellule vun der Chamber géif weisen, datt hei am Land – am Verglach mam Ausland – net vill géif gemaach ginn, fir d’Wechfale vum Splitting an de Familljen opzefänken.

"Mir gesinn ëmmer méi, dass déi Reform hei wierklech eng ass, déi haaptsächlech Leit mat relativ héije Revenuen avantagéiert, haaptsächlech Celibatairen avantagéiert, d.h., déi fréier an der Steierklass 1 waren, a relativ wéineg mécht fir Monoparentauxen."

déi gréng gesinn och kee Wëlle bei der Regierung

Trotz verschiddene kriteschen Avisen zur Steierreform, gesäit och déi gréng Deputéiert Sam Tanson keng Bereetschaft bei der Majoritéit, fir nach eppes um Projet ze änneren.

"De Minister schéngt awer elo éischter op der Linn ze sinn, dat hei elo mol wëllen esou duerch ze zéien an (...) duerno Upassungen ze maachen, wann dat dann néideg wär."

Eppes wat d’Presidentin vun der Chamber-Finanzkommissioun an CSV-Deputéiert Diane Adehm esou bestätegt.

"Ech denke realistesch baue mer elo näischt méi an de Projet an. Well de Projet, dee virläit, ass e Projet, deen awer iwwer méi wéi e Joer mat sämtleche Fraktiounen hei am Parlament duerchdiskutéiert ginn ass."

Dowéinst géif de Package elo net méi opgemaach ginn, esou d’CSV-Deputéiert.

DP: "Ass dem Finanzminister säi Gesetz"

E wéineg manner kloer kléngt dat beim Koalitiounspartner DP, notamment bei der Deputéiert Corinne Cahen.

"Ob elo nach eng Kéier eppes ännert oder net, ob nach eng Propos kënnt, dat muss een da warscheinlech de Finanzminister froen, et ass jo säi Gesetz. (...) Mee mir géingen dat op jidder Fall esou matstëmmen."

D’Steierreform soll Ufank 2028 a Kraaft trieden, huet d’CSV-Deputéiert Diane Adehm bestätegt: D’Steierverwaltung misst sech bis dohinner nach kënnen ëmstellen an hir Systemer upassen.

play_arrow Lauschteren