D'Jugendorganisatioun vun der ADR gouf net gefrot fir bei der Plattform matzemaachen.
D‘ADRenalin schreift an engem Communiqué, datt et d‘Zil vun der Plattform wier, fir d‘Vertrauen an d‘Demokratie ze stäerken. Dat wier awer nëmmen de Fall, wann ee sech dobäi fir eng direkt Demokratie oder géint eng Amëschung vun der EU an national Wale géif asetzen, mee dovunner géif awer näischt vun der Plattform kommunizéiert ginn, esou d‘Kritik.
Wieler:innen hätten ëmmer Recht
D‘ADRenalin schreift weider, datt déi Plattform selwer seet, datt déi etabléiert Parteie villes net méi am Grëff hätten.
Der ADRenalin no wier dat Demokratie. De Wieler hätt ëmmer Recht, egal op e lénks oder riets géif wielen.
D‘ADRenalin huet iwwerdeems annoncéiert, sech an nächster Zäit fir eng direkt demokratesch Plattform anzesetzen, wou dann ondemokratesch Prozesser sollen analyséiert ginn. Do soll Demokratie gelieft ginn, a jidderee wier do wëllkomm, esou nach d'Jugendorganisatioun vun der ADR.
Pirate wëlle sech net bedeelegen
D’Piratepartei wäert sech net un der sougenannter "Plattform fir Demokratie" bedeelegen, heescht et an engem Communiqué vun de Piraten. D‘Pirate schreiwen an hirem Communiqué, d'Demokratie géif de Bierger:inne gehéieren. CSV, DP, LSAP an déi Gréng hätte kee Monopol op Demokratie.