Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kee Progrès bei de Verhandlungen iwwert eng Wafferou fir Gaza

Noen Osten

Kee Progrès bei de Verhandlungen iwwert eng Wafferou fir Gaza

D‘Hamas behaapt, datt den US-President géif gréng Luucht gi fir de Krich weiderzeféieren, esou déi franséisch Presseagence.

auto_stories

1 min

Den Joe Biden hat der Terrormiliz virgehäit, datt si bei de Verhandlunge géifen zeréck rudderen. Den israeelesche Premier Benjamin Netanyahu hätt déi amerikanesch Propos iwwerdeems akzeptéiert, esou den US-Ausseminister. Den Antony Blinken ass den Dënschdeg an Ägypten ukomm fir weider Verhandlungen iwwert eng Wafferou.

Weider Doudeger bei israeelescher Attack an der Gazasträif

Um Terrain ginn d‘Kämpf iwwerdeems weider. Bei engem israeeleschen Ugrëff op ee Schoulgebai an der Stad Gaza sollen 9 Leit gestuerwe sinn. Dosende Mënsche wiere blesséiert ginn, esou palestinensesch Berichter. Zil wier eng Kommandozentral vun der Hamas gewiescht, déi um Site vun der Schoul verstoppt gewiescht wier, esou d‘israeelesch Arméi. Vu palestinensescher Säit aus heescht et, am Schoulgebai wiere Flüchtlingen ënnerbruecht. Béid Aussoe loosse sech net onofhängeg iwwerpréiwen.

Nach 109 Geisele gi vermësst

Déi israeelesch Arméi huet an der Gazasträif dann d‘Läiche vu sechs Geisele gebuergen. Elo wieren nach 109 Geisele verschwonnen, déi de 7. Oktober zejoert vun der Hamas entféiert goufen.