Wéi et vu Bréissel heescht, kéint d‘Gestaltung vun den Zerwisser an Algorithme bei Kanner ee Suchtverhalen ausléisen. D‘Kommissioun wéilt elo weider Beweiser dofir sammelen.
Gefaart gëtt, datt d'Algorithmen op Instagram a Facebook esou konzipéiert sinn, datt de Benotzer oder d'Benotzerin an ee sougenannt "Rabbit Hole" fält. Domat ass gemengt, datt ee sech esou déif an engem Thema verléiert, datt een net méi eraus fënnt.
Algorithme kënnen theoretesch esou ee Verhalen erkennen an ausnotzen, sou datt Notzerinnen a Notzer méi Zäit op der Plattform verbréngen.
Online Plattforme sinn duerch en neit EU Gesetz zu digitalen Déngschter dozou verflicht, Mannerjäreger ze schützen. Déi dierfen zum Beispill net gezilt mat Publicitéit ugeschwat ginn, wann dës vu perséinlechen Donnéeë kënnt.
D'EU Kommissioun zweifelt elo drun, datt Meta sech un dës Reegelungen hält.
Et gouf schonn Enn Abrëll e Verfare géint Meta, bei deem et ëm den Ëmgang mat politescher Publicitéit gaangen ass.