Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Pro Joer ginn et 3 Neigebuerener mat "Differenze bei der Geschlechtsentwécklung"

Santé

Pro Joer ginn et 3 Neigebuerener mat "Differenze bei der Geschlechtsentwécklung"

Zu Lëtzebuerg géifen am Duerchschnëtt pro Joer bei 3 Neigebuerene sougenannt "Differenze bei der Geschlechtsentwécklung“ – kuerz DSD – festgestallt ginn. Dat geet aus der Äntwert vun der Gesondheetsministesch op eng parlamentaresch Fro vun déi Gréng ervir.

auto_stories

1 min

© Zu Lëtzebuerg géifen am Duerchschnëtt pro Joer bei 3 Neigebuerene sougenannt "Differenze bei der Geschlechtsentwécklung“ – kuerz DSD – festgestallt ginn. Dat geet aus der Äntwert vun der Gesondheetsministesch op eng parlamentaresch Fro vun déi Gréng ervir.
Foto: Adobe Stock

Bei wéi vill vun hinne geschlechts-upassend chirurgesch Agrëff gemaach ginn, ass net gewosst. De Ministère huet déi Donnéeën net.

Déi betraffe Fäll géife vun der Kannerklinik u spezialiséiert Kompetenz-Zenter am Ausland verwise ginn, esou wéi d‘international Recommandatiounen et virgesinn. Et gëtt och een interministeriellen Aarbechtsgrupp, deen Ufank d‘lescht Joer gegrënnt gouf, fir d‘Ausschaffe vun engem legale Kader fir déi betraffe Kanner op d‘Been ze stellen.