Wéi d‘Gesondheetskeess an engem Communiqué matdeelt, kéinten elo iwwer 16.000 Demandë pro Woch traitéiert ginn. Zum Beispill wier d‘Telefonszentral verstäerkt ginn. Do kéinten elo eng 6.500 Telefonsappeller pro Woch entgéint geholl ginn. Dat sinn der bal duebel souvill, wéi soss.
Och d‘Waardezäiten an den Agencë si verbessert ginn. Duerch en neie Rendez-vous-System mussen d‘Assuréen nach just zwou Minutte waarden, wou se fréier eng hallef Stonn hu misste waarden. Et wier och méi einfach ginn, e Rendez-vous ze huelen, well een dat elo och iwwer myguichet.lu an iwwert den neien Internetsite vun der CNS ka maachen.