De leschte Kandidat, dee sech aus der Course zeréckgezunn huet, war haut de Buergermeeschter vun Teheran, Aliresa Sakani. Béid Politiker hunn hire Schrëtt domat begrënnt, datt si de Rescht vun de konservative Kandidate wéilte stäerken.
Ronn 61 Millioune Bierger solle muer e Successeur fir de verstuerwene President Ebrahim Raisi wielen, dee virun engem Mount bei engem Fligeraccident ëm d‘Liewe komm war.