arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ President vun der Region trëtt zréck wéinst Iwwerschwemmunge virun engem Joer

Valencia

|
headphones

1 min

President vun der Region trëtt zréck wéinst Iwwerschwemmunge virun engem Joer

Ee Joer no de katastrophalen Iwwerschwemmungen am Süd-Oste vu Spuenien huet de President vun der Regioun Valencia säi Récktrëtt annoncéiert. Bei den Iwwerschwemmunge virun engem Joer waren 229 Leit ëm d‘Liewe komm.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa/Revierfoto | Revierfoto
(Foto: picture alliance/dpa/Revierfoto | Revierfoto)

De Carlos Mazón, President vun der Regioun Valencia, war deemools a bis haut vill kritiséiert gi wéinst der Gestioun vun dëser Katastroph. Ee vun de ville Virwërf géint d‘Autoritéite war, datt d‘Leit net fréi genuch virum Reen an der Iwwerschwemmungsgefor gewarnt goufen.

Bei enger Zeremonie um leschte Mëttwoch fir den Affer ze gedenken, war de Carlos Mazón nach vu ville Lei ausgepaff a vernannt ginn. Hien huet seng Demissioun um Méindeg de Moien op enger Pressekonferenz annoncéiert.