D’Ausso, datt et an de Butteker net genuch Lëtzebuerger Wëld ze kafe gëtt, kéint een net verallgemengeren, esou de Jo Studer. De Pit Mischo vun der Organisatioun FSC, déi sech fir eng gesond Gestioun vun de Bëscher asetzt, huet dat rezent am 100,7-Interview bedauert.
Lëtzebuerg huet eng speziell Iesskultur
De Jo Studer, President vum Jeeërverband, erkläert, datt dat ënner anerem mat der Iesskultur zu Lëtzebuerg ze dinn huet: Wärend am Summer guer kee Wëld giess gëtt, ass et am Wanter e ganz beléifte Plat. Zënter Jore géing een als Jeeërverband scho probéieren, d’Wëld als Summerplat ze promouvéieren. Mee duerch dës Situatioun kéim et eeben ëmmer nees zu Enkpäss. Dat manner fir Wëllschwäin a Réi, mee méi fir Hirschen. Där ginn der am Schnëtt eng 450 pro Joer geschoss. Et géif sech vum selwen erklären, datt een Hirsch misst bäikafen, mengt de Jo Studer.
Am 100,7-Interview huet de Pit Mischo d’Beispill ginn, dat Hirschfleesch aus Neiséiland bis an Europa importéiert gëtt. De Jo Studer fillt sech vun dëser Kritik ugesprach.
“Wann den Här Mischo mol eng Kéier eppes géing vu Juegd verstoen, da géing hien dat villäicht och anescht gesinn.”
Och zu Lëtzebuerg ginn et vill Kontrollen
D’FSC hätt e Budget kritt vu bal 100.000 Euro fir zwee Joer laang d’Wëld ze promouvéieren. Et hätt een zwar fäerdegbruecht, datt een zu puer Acteuren um Dësch souz, wat de Jo Studer och begréisst. Hie bedauert awer, datt net genuch Suen an de Grapp geholl goufen, fir beispillsweis duerch Televisiounsemissiounen d’Wëld ze promouvéieren. E klenge Flyer, dee verdeelt gouf, hätt et do och net bruecht, esou de President vum Jeeërverband. Dee géing am Endeffekt och just méi Reklamm fir FSC maachen.
De Jeeërverband wier deemno och net bereet, déi nei FSC-Charta ze ënnerschreiwen, déi virgesäit, d’Origine vum Fleesch genau ze kennzeechnen. De Jo Studer erkläert, datt zu Lëtzebuerg kee Stéck Fleesch dierf verschafft ginn, wat net virdrun ofgestempelt gouf. Och Veterinäre si ganz present an de verschiddene Betriber. Kloer wier, hie selwer och net begeeschter dovun, wann neuseelännescht Fleesch misst importéiert ginn. Mee de Jo Studer mengt, datt wa grouss Supermarchéen dat maachen, een dat awer och net ze vill kritiséieren dierft. Schliisslech géing net just Fleesch importéiert ginn, mee Uebst a Geméis och.
D'Wëld ass net un allem Schold
Zur Ausso, datt et zu Lëtzebuerg ze vill Wëld an de Bëscher géing ginn, mengt de Chef vun der Provençale, datt ee mol eng Kéier genau definéiere misst, wat ze vill ass.
"Fir deen een ass et esou, fir deen aneren esou."
D’Jeeër wieren déi, déi dat ganzt Joer iwwer an de Bësch ginn a sech ëm d’Flora an d’Fauna géinge këmmeren. Mee de Bësch gouf Joerhonnerte laang falsch ugeplanzt, an elo dem Wëld d’Schold un allem ze ginn, wat schlecht ass, wier net akzeptabel, esou de Jo Studer.
Jidderee misst seng Responsabilitéiten huelen. D’Landwirtschaft mat de Monokulture géingen dem Wëld ëmmer nees eppes fir ze friesse bidden, an och de Klimawandel spillt eng Roll. "Et ass net normal, datt de Jeeër fir alles muss opkomme", esou de Jo Studer.