D'Waasserverwaltung recommandéiert och, all Kontakt mam Waasser op de concernéierte Plazen ze vermeiden an Hënn an aner Hausdéieren net dovun drénken ze loossen. Och Waassersport a Fësche goe sollen evitéiert ginn.
Op den anere Plage vum Stauséi – Fuussefeld, Insenborn, Léifreg a Lëlz – bleift d‘Schwamme goen den Ament nach erlaabt. Virsiichtshalber gëllt awer och hei eng Pré-Alerte.
Bloalge kënne Symptomer ausléise wéi Kappwéi, Ausschlag oder Iwwelzegkeet ausléisen.